     |
|
 19.90 EUR | D'NabbelchenBest-Nr.DVD68 12 Extra léif Geschichten fir déi ganz Kleng bis 4 Joer. Dem Dick BRUNA säi “Nabbelchen” (Miffy) as op der ganzer Welt bekannt (80 Millioune Bicher, an 33 Sproochen). D’Biller loossen de Kanner vill Plaz fir hir ege Fantasy. D’Nabbelchen erlieft elauter flott Saachen, a léiert esou déi grouss Welt kennen. Zesumme matt senger Famill a senge Frënn entdeckt hatt villes wat et nach nët kannt huet, a freet sech op all neien Dag. 12 Geschichten erzielt vun dem klenge Kelly NIESEN. D’Nabbelchen huet Gebuertsdag - De Velo - Dem Nabbelchen säin Haus - An der Schoul - E Besuch am Zoo - Den Orchester - De Monni Jos am Fliger - Wou ass de Petzi? - E schnéiwäisst Gackelchen - D’Bomi an de Bopi - Op der Plage - Dee klenge giele Villchen. 60 Minutten Zeechentrickfilm. Trailer D'Nabbelchen |
 19.90 EUR | D'OuschterfeeBest-Nr.DVD58 Den Hoppel, de Schildo, d’Marie-Quaak an d’Molli kréien den Eerkontrakt vun der Ouschterfee. Si sollen dem Ouschterhieschen honnert dausend Eer liwweren. Elo kënnen se den Héngerhaff vum Bauer Lauer virum Otto Schrott retten. Mee deem as nët ze trauen. Ee Gléck do as nach den Ouschter-Emile. An dat éischt Ouschteree. E klengen Hieschen, wëll sénger Mamma e wonnerbaren Ouschterkaddo maachen. Awer dat as guer nët esou einfach. 2 Wonnerschéin Ouschterfilmer op enger Video Kassett. Trailer D'Ouschterfee |
 19.90 EUR | Den Hieschen mat der SchnoffelnieschenBest-Nr.DVD53 E klenge Mippchen, de Wolli as am Bësch verluer gaang.
Mee hien huet Chance. Sechs kleng Hiesercher: De Flizz, de Knulles, d'Nabbel, d'Koppi, d'Knipp an de Bullchen, huelen hien an hirer Huesefamill op. Si léieren hien alles wat een am Bësch wësse muss. De Wolli mengt dass d'Mënschen den Déieren hir Frënn wieren, awer d'Hiesercher wëssen dat vill besser, si trauen em Karlo Klabes iwwerhaapt nët. Awer et däerf een och nët ëmmer fortlafen, wann et bränzleg gët. Ee Gléck een Hieschen huet déi richteg Nieschen. Trailer Den Hieschen mat der Schnoffelnieschen |
 19.90 EUR | Picknick mam Monni RonniBest-Nr.DVD91 De Monni Ronni huet haut fräi.
Hie wëllt e klenge Picknich maachen, ganz eleng.
D’Inten, d’Maisercher, den Dax, de Fox, den Igel an
d’Kanéngercher hunn dat awer matkritt.
O Mammelikanner!
Wat ass geschitt? D’Nabbel ass verschwonnen.
Dat huet awer och keng Gutt an der Kopp.
De Monni Ronni hat nach gesot: Pass gutt op, du klengen Hoppelhopp! Trailer Picknick mam Monni Ronni |
 19.90 EUR | De klenge FuzzBest-Nr.DVD41 DMatzen am Bësch ënnert de Wuerzelen vun engem décke Bam wunnt de Renert mat sénger ganzer Fuussefamill. Vun all sénge Klengen as een deen duerchdriwwensten: et as de Fuzz. De Fuzz verleeft séch am Bësch, a wéi en heem kënnt, as kee méi vu sénger Famill do. Säi Monni Rosso léiert hien elo alles wat en dichtege Fuuss wësse muss. Enges Daags traut hien séch bei d'Haus vum Flëntemann, an do gesäit en an enger Këscht agespaart; d'Fizzi. Kann de Fuuzz d'Fizzi retten, et as eng geféierlech Saach. Mam Monica als Fuzz a mam Marco Faber als Monni Rosso. Trailer De klenge Fuzz |
 19.90 EUR | d'ZockerliliBest-Nr.DVD65 50 Minutten Zeechentrickfilm mat wonnerschéine Lidder fir kleng a brav Kanner Et as esou schéin am Äerdbiirsgäertchen, dem Zockerlili séng Frënn: d’Marie-Framboise d’Blobiirsbetti an de Mullebutze-Ben plangen eppes ganz spezielles, si wëllen d’Zockerlili iweraschen, op dat klappt…? Enges Daags kritt d’Lili e Bréif. Säi Rezept fir déi beschten Äerdbiirs-täertercher vun der Welt huet gewonnen an elo soll hatt op dee grousse Baakconcour op Big Äpple Zitti. D’Zockerlili sëtzt schon am Flijher, mee wat as dann dat do…? dee granzegen, ranzegen Botterschuedi, wëllt onbedéngt mat sénge Rommelschuedië gewannen. Hie probéiert all faulen Trick, mee d’Lili léiert d’Knippchen zu Big Äpple Zitti kennen. Et gët spannend, wie gewënnt dëse grousse Concours? mam Zockerlili (Catherine GERIN) - Knippchen (Kelly NIESEN) - Blobiirsbetti (Isabelle HOFMANN) - Mullebutze-Ben (Xavier HOFMANN) - Marie-Framboise (Kelly JANIZZI) - Eclairchen (Nora JANIZZI) - Makréinchen (Joëlle GELHAUSEN) - Stuppi Streisel (Joel ZIMMER) - Jean Fätuu (Rol GIRRES) - Sonnekinnék (Aly BINTZ) - Granzege ranzege Botterschuedi (FAUSTI). Et sangen: Catherine GERIN - Mady DURRER - Susy LENTZ - Fausti - Ab van GOOR Trailer d'Zockerlili |
|