     |
|
Linster Plakken
 9.00 EUR | Fausti - Zirtakiki DänzBest-Nr.CD67 Wéi all Joer as et de FAUSTI deen ëm dës Zäit fir Stëmmung a gutt Laun suergt: hie séngt a räppt vun enger pretty Moss vu Mikonos matt wonderfull Zazicki. An wéi dat dohannen sou Uzoo as, gët do gefeiert, gedronk a gedanzt ewéi d’Fatz um Bengel. Mee opgepasst nët iwwerdreiwen soss kënnt d’Akropoliss. Den Zirtakiki Dänz as eng Single CD: Mam original Zirtakiki Dänz, eng Radio-Versioun eng Folklor Versioun, eng KARAOKE-Versioun fir selwer ze sangen an eng Siesta-Versioun. D’Li Marteling huet d’Choréographie vum Zirtakiki gemaach, dofir heescht et dës Fuesend: Come on rësel your Toot. 01 - Zirtakiki Dänz |
 17.00 EUR | Olio Galanti & Zilvester OrchesterBest-Nr.CD66 Den Olio as aus enger Zäit an däer d'Männer nach Kavaléier waren. Charmant, elegant, an diskret, an en huet eng Stëmm wéi nëmmen all Jorhonnert eng erfir bréngt, douce ewéi Saamett a waarm ewéi Lava. Hie séngt fir säi klenge Bijou, fir d'Lola a fir d'Angélique 'Du kanns däin Häerz keng zweemol verschenken'. Dem Irène séngt hien 'Je t'aime comme la Bottercrème' mee hie séngt och dem Léonie, well et weess ee jo nie. Et as Musék déi den Häeren esou an d'Been geet dass se souguer nees Loscht hun fir matt hirer egener Fra ze danzen, a wa nët, séngt den Olio: Dammentour, mon Amour fir all déi di hiirt Häerz mol verluer. CD Olio Galanti mam Zilvester Orchester 18 Lidder fir ze danzen an ze dreemen Dammentour - Brillantine - Klenge Bijou - Du kanns däin Häerz keng zweemol verschenken - Léonie - Je t'aime comme la Bottercrème - Lola Ka méch einfach nët entscheeden - Angélique, 't mécht just emol klick Jo a neen - Dag a Nuechtegeilchen - Mamma danz Mambo - Kleng schei Bei Wann am Summer d'Blumme bléien - Dir as dat dach alles puup egal Triny Triny - Oh wat bas du sou lackeleg - Spill nët mam Feier Mat Dänz aus den 20er Joren: Foxtrott, Tango, Englesch Waltz, Quickstep, Rumba a Mambo.   01 - Damentour 02 - Léonie 03 - Mamma danz Mambo 04 - O verzei méch Angélique 05 - Je t'aime comme la Bottercrème 06 - Brillantine 07 - Klenge Bijou 08 - Du bass esou lackeleg 09 - Spill nët mam Feier 10 - Wann am Summer d'Blumme bléien 11 - Triny Triny 12 - Lola 13 - Du kanns däin Häerz keng zweemol verschenken 14 - Dir as dat dach puup egal 15 - Kleng schei Bei 16 - Jo a Neen 17 - Ka méch nët entscheeden 18 - Dag an Nuechtegeilchen |
 9.00 EUR | AMORE al dente - DIESEL on tourBest-Nr.CD75 Hey Bella Mozarella, ech si ganz Ravioli - komm a bleif bei mir fir ëmmer quatro stagioni. - Looss deen alen Saltimbocca mortadella - basta pasta doloroso bagatella.
Oh Bella Mozarella, avanti la Caretta - mir brennen duerch mir hu keng Suerg komm mir ginn etta - e Baci hei e Baci do, romanticco Luna, an ech gi lo druna.
Amore mi Amore, Dolce vita attenzione - Amore mi Amore, Presto presto sti schon ready am Kalzone
AMORE al dente, AMORE al dente, AMORE al dente
01 - Amore al Dente |
|