     |
|
FILMER DVD
 19.90 EUR | D'NabbelchenBest-Nr.DVD68 12 Extra léif Geschichten fir déi ganz Kleng bis 4 Joer. Dem Dick BRUNA säi “Nabbelchen” (Miffy) as op der ganzer Welt bekannt (80 Millioune Bicher, an 33 Sproochen). D’Biller loossen de Kanner vill Plaz fir hir ege Fantasy. D’Nabbelchen erlieft elauter flott Saachen, a léiert esou déi grouss Welt kennen. Zesumme matt senger Famill a senge Frënn entdeckt hatt villes wat et nach nët kannt huet, a freet sech op all neien Dag. 12 Geschichten erzielt vun dem klenge Kelly NIESEN. D’Nabbelchen huet Gebuertsdag - De Velo - Dem Nabbelchen säin Haus - An der Schoul - E Besuch am Zoo - Den Orchester - De Monni Jos am Fliger - Wou ass de Petzi? - E schnéiwäisst Gackelchen - D’Bomi an de Bopi - Op der Plage - Dee klenge giele Villchen. 60 Minutten Zeechentrickfilm. Trailer D'Nabbelchen |
 19.90 EUR | Ooops! Den Noah ass fort...Best-Nr.DVD110 Ooops! Den Noah ass fort...
De Kinnek vun den Déieren huet ganz schlecht Noriichten:
Et kënnt eng gewalteg Flut déi alles iwwerschwemmt. Ee Gléck, de Noah huet eng Arche gebaut déi d'Déieren alleguer rette soll. Alleguer? Jo, wann s'op der Lëscht stinn.
De Finny an dat klengt Lia spillen a passe net op, si hu jo Näischt ze fäerten, oder dach? O mei wat ass dann dat do? Déi Flut rappt alles mat ewech
och dem Noah seng Arche. Oh nee... déi zwee si jo guer net drop.
mam Shayan Monadjemi - Myriam Jander
Simon Larosche - Susy Lentz
Jules Werner - Chritophe Strotz - Fausti Cima - Jean Bermes
Marion Welter - Mady Dürrer - Sarah Thoss - Ken Nnganyadi - Raoul Albonetti
"Well et eis gutt geet" gesonge vum Deborah Schneider
Fir déi kleng an d'ganz Famill
En Zeechentrickfilm vun der Fabrique d'images vu Kielen.
Lëtzebuergesch Versioun: LINSTERSTUDIOS
Trailer Ooops! Den Noah ass fort... |
 19.90 EUR | D'OuschterfeeBest-Nr.DVD58 Den Hoppel, de Schildo, d’Marie-Quaak an d’Molli kréien den Eerkontrakt vun der Ouschterfee. Si sollen dem Ouschterhieschen honnert dausend Eer liwweren. Elo kënnen se den Héngerhaff vum Bauer Lauer virum Otto Schrott retten. Mee deem as nët ze trauen. Ee Gléck do as nach den Ouschter-Emile. An dat éischt Ouschteree. E klengen Hieschen, wëll sénger Mamma e wonnerbaren Ouschterkaddo maachen. Awer dat as guer nët esou einfach. 2 Wonnerschéin Ouschterfilmer op enger Video Kassett. Trailer D'Ouschterfee |
 19.90 EUR | Den Hieschen mat der SchnoffelnieschenBest-Nr.DVD53 E klenge Mippchen, de Wolli as am Bësch verluer gaang.
Mee hien huet Chance. Sechs kleng Hiesercher: De Flizz, de Knulles, d'Nabbel, d'Koppi, d'Knipp an de Bullchen, huelen hien an hirer Huesefamill op. Si léieren hien alles wat een am Bësch wësse muss. De Wolli mengt dass d'Mënschen den Déieren hir Frënn wieren, awer d'Hiesercher wëssen dat vill besser, si trauen em Karlo Klabes iwwerhaapt nët. Awer et däerf een och nët ëmmer fortlafen, wann et bränzleg gët. Ee Gléck een Hieschen huet déi richteg Nieschen. Trailer Den Hieschen mat der Schnoffelnieschen |
 19.90 EUR | Déi duerchdriwwen DräiBest-Nr.DVD111 Si sinn sech guer net méi esou sécher
ob se séch och gutt geschéckt hunn,
an dëst Joer och Kaddoe kréien.
17 Geschichten wou déi Dräi vill Dommheete maachen
awer et eigentlech ëmmer gutt mengen a léif sinn.
mam Mia CONTER - Noël TANI a Mick De GREEF
Mamma: Anne GEORGES - Bopi: Manu BICHLER
Als Babysitter: Christophe STROTZ
Fir déi kleng bis 8 Joer, d'Bomi an de Bopi
En Zeechentrickfilm vun MELUSINE Productions
Lëtzebuergesch Versioun: LINSTERSTUDIOS
A fir all déi di eis Sprooch léiere wëllen
Mat Lëtzebuergeschen a franséiscen Ënnertittel
déi ee mat der Télécommande ablenne kann
AMELIOREZ VOTRE LUXEMBOURGEOIS
EN VOUS AMUSANT AVEC VOS ENFANTS
Trailer Déi duerchdriwwen Dräi |
 19.90 EUR | Picknick mam Monni RonniBest-Nr.DVD91 De Monni Ronni huet haut fräi.
Hie wëllt e klenge Picknich maachen, ganz eleng.
D’Inten, d’Maisercher, den Dax, de Fox, den Igel an
d’Kanéngercher hunn dat awer matkritt.
O Mammelikanner!
Wat ass geschitt? D’Nabbel ass verschwonnen.
Dat huet awer och keng Gutt an der Kopp.
De Monni Ronni hat nach gesot: Pass gutt op, du klengen Hoppelhopp! Trailer Picknick mam Monni Ronni |
 19.90 EUR | D'Melodie vum MierBest-Nr.DVD112 Nominéiert fir den Oscar vum beschten Animatiounsfilm
Hei zu Lëtzebuerg bei MELUSINE Productions gezeechent
De Ben lieft mat sengem Papp an dem Sirsha an engem Liichttuerm.
Hie wollt ëmmer e gudde grousse Brudder sinn,
dat hat hien der Mamm versprach.
Awer d'Sirsha geet him zimlech op de Nerv.
Hatt kann nach ëmmer net schwätzen.
Mee wat de Ben net weess, d'Sirsha dréit a sech e grousst Geheimnis.
Hatt ass eng Selkie, hallef Mënsch an hallef Séihond.
Nëmmen d'Sirsha eleng kann d'Wonnerwiesen
mat sengem Gesank retten.
Lëtzebuergesch Versioun: Jang LINSTER
Ben - Yannik SAND.
Papp - Jules WERNER
Bomi - Marie-Paule Von ROESGEN
Bruna Larisa FABER
Sirsha Mia CONTER
Klenge Ben Pit SCHWEITZER
Fernand FOX - Fausti CIMA - Marcel HAMILIUS
Al GINTER - Christophe STROTZ
A fir all déi di eis Sprooch léiere wëllen
Mat Lëtzebuergeschen a franséiscen Ënnertittel
déi ee mat der Télécommande ablenne kann
AMELIOREZ VOTRE LUXEMBOURGEOIS
EN VOUS AMUSANT AVEC VOS ENFANTS Trailer D'Melodie vum Mier |
 19.90 EUR | Déi dräi RaiberBest-Nr.DVD94 Déi dräi Raiber.
Dat klengt Tiffany ass ganz eleng op
dëser Welt an um Wee fir an d’Weesenhaus.
Grad wéi hat senger Pëppchen, der Joffer Rosi,
eng wonnerbar Geschicht erzielt,
gëtt hir Kutsch vun dräi komesche
Gesellen iwwerfall.
Mee déi dräi Raiber hate net mam Tiffany gerechent.
Hatt huet guer keng Angscht a schmiert de Mulles,
den Donnerjosy an de Flinn
mol richteg schéin un.
Déi “séis” ... ëhm béis Madame deet d’Kanner
de ganzen Dag am Rommelstéck
schaffen. Se kréie bal Näischt z’iessen.
Si hällt alles fir sech ganz eleng.
D’Tiffany weess wéi et de Kanner hëllefe kann.
Zesumme mat deene “guer net esou schlëmme”
Raiber gëtt et e richtegt schéintHäppy End.
mam Tiffany - Kelly DECKER
de Raiber Mulles - Marc FABER
de Flinn - Fausti CIMA
den Donnerjosy - Roger SEIMETZ
déi béis «zockerséis» Madame Mady DURRER
Mr. Hoppelstrompel - Al GINTER
Dee gestresstene Gendarme - Fons KONTZ
mam Jo DUPONT - Lex KAUFFMANN
Erzieler - Fernand FOX
Trailer Déi dräi Raiber |
 19.90 EUR | De klenge FuzzBest-Nr.DVD41 DMatzen am Bësch ënnert de Wuerzelen vun engem décke Bam wunnt de Renert mat sénger ganzer Fuussefamill. Vun all sénge Klengen as een deen duerchdriwwensten: et as de Fuzz. De Fuzz verleeft séch am Bësch, a wéi en heem kënnt, as kee méi vu sénger Famill do. Säi Monni Rosso léiert hien elo alles wat en dichtege Fuuss wësse muss. Enges Daags traut hien séch bei d'Haus vum Flëntemann, an do gesäit en an enger Këscht agespaart; d'Fizzi. Kann de Fuuzz d'Fizzi retten, et as eng geféierlech Saach. Mam Monica als Fuzz a mam Marco Faber als Monni Rosso. Trailer De klenge Fuzz |
 26.00 EUR | BLU RAY Klenge PrënzBest-Nr.BD109 BLU RAY "De Klenge Prënz"
De Klenge Prënz a FULL HD
OPGEPASST: Dir braucht e BLU RAY Player fir eng BLU RAY ofzespillen Trailer BLU RAY Klenge Prënz |
 19.90 EUR | d'ZockerliliBest-Nr.DVD65 50 Minutten Zeechentrickfilm mat wonnerschéine Lidder fir kleng a brav Kanner Et as esou schéin am Äerdbiirsgäertchen, dem Zockerlili séng Frënn: d’Marie-Framboise d’Blobiirsbetti an de Mullebutze-Ben plangen eppes ganz spezielles, si wëllen d’Zockerlili iweraschen, op dat klappt…? Enges Daags kritt d’Lili e Bréif. Säi Rezept fir déi beschten Äerdbiirs-täertercher vun der Welt huet gewonnen an elo soll hatt op dee grousse Baakconcour op Big Äpple Zitti. D’Zockerlili sëtzt schon am Flijher, mee wat as dann dat do…? dee granzegen, ranzegen Botterschuedi, wëllt onbedéngt mat sénge Rommelschuedië gewannen. Hie probéiert all faulen Trick, mee d’Lili léiert d’Knippchen zu Big Äpple Zitti kennen. Et gët spannend, wie gewënnt dëse grousse Concours? mam Zockerlili (Catherine GERIN) - Knippchen (Kelly NIESEN) - Blobiirsbetti (Isabelle HOFMANN) - Mullebutze-Ben (Xavier HOFMANN) - Marie-Framboise (Kelly JANIZZI) - Eclairchen (Nora JANIZZI) - Makréinchen (Joëlle GELHAUSEN) - Stuppi Streisel (Joel ZIMMER) - Jean Fätuu (Rol GIRRES) - Sonnekinnék (Aly BINTZ) - Granzege ranzege Botterschuedi (FAUSTI). Et sangen: Catherine GERIN - Mady DURRER - Susy LENTZ - Fausti - Ab van GOOR Trailer d'Zockerlili |
 19.90 EUR | Déi frou Kou JosefinBest-Nr.DVD76 D'Josefin ass richteg frou, hatt wunnt mat senger Mammi a mat sengem Pappi an enger wonnerschéiner Wiss. Hei erlieft hatt all Dag eppes Neies. Dat ass ganz opregend, well Léieren, dat ass nach ëmmer dat allerschéinst. An d’Josefin huet di beschte Frënn vun der Welt. Den Zaff mat där wonnerbarer Nues, de Fränz, an dee verfroossene Wally. Am allerfrousten ass d’Josefin awer mat senger gudder Bomi
Zeechentrickfilm 75 Minutten
Alter: 0 - 6 Joër & 25-85 Joër
11 fantastesch Geschichten mam Josefin a senge Frënn
mam
Maïté ENGELBERG
Chris MARNACH
Philippe SCHMIT - Georges KUHN
Max KLEIN - Yorrick CORREIA
Kelly NIESEN - Lisa TAVARES
Mamma LENTZ - Pappa CIMA
Bomi REUTER a Mady DURRER Trailer Déi frou Kou Josefin |
 19.90 EUR | De Klenge Prënz Best-Nr.DVD109 De Klenge Prënz
E fantastesche Film vum Mark OSBORNE
nom Meeschterwierk vum Antoine de Saint-Exupéry
Dat hei ass dee schéinste Film deen der je gesinn hutt.
mat de Stëmme vum
Imani SAND - Noël TANI - Henri LOSCH
Anne GEORGES - Mady DURRER - Cathérine BECK
Jules WERNER - Jean-Paul MAES - Alain ATTEN
Christophe STROTZ - Ken NNGANYADI - Jang LINSTER
Trailer De Klenge Prënz |
 19.90 EUR | WiplalaBest-Nr.DVD108 DE WIPLALA
Dee grousse Chrëscht-Film fir déi Kleng an d'ganz Famill
De Wiplala ass nëmmen zéng Zentimeter grouss,
awer hie kann "tinkelen" dat ass esou eng Aart Zauberen.
Hien ass vun doheem fortgelaf a kënnt duerch e laangen Tunnel bei der Famill Blum am Kicheschaf eraus.Wéi hie vun der Kaz iwwerrascht gouf huet en déi einfach ruckzuck vertinkelt, also verstengert.
De Jonathan an d'Nella Della wëssen net wéi se dem Papp dat erkläre sollen. Dat gleeft dach kee Mënsch.
De Wiplala kann zwar gutt tinkelen, awer fir zréck ze tinkelen, domat huet hie nach Problemer. Wéi en och nach den Dichter Arthur Hollidee an eng
riseg Statu verwandelt huet, déi sou grouss ass dass se iwwerall hënnert, muss d'Famill Blum hëllefen. Awer wéi de Wiplala a Panik geréit, a si alleguer butzeg kleng vertinkelt, fänkt e grousst Abenteuer un.
Buch: Annie M.G. Schmidts - Dréibuch: Tamara BOS - Regie: Tim OLIEHOEK - Musek: André DZIEZUK - Eng hollännesch, belsch, lëtzebuergesch Koproduktioun
mat de Stëmme vum Christoph STROTZ fir de Wiplala
Tyana SCHARTZ fir d'Nella Della - de Pol KREMP fir de Jonathan
an de Jules WERNER spillt de Papp.
Mam Mady DURRER - Patricia BREUER - Carla KLEIN - Sarah THOSS - Sascha GEORGES - Al GINTER - Philippe DONDELINGER - Ronny KWIATKOWSKI - Pierre PUTH - Tom LEICK - Steve KARIER
Trailer Wiplala |
 19.90 EUR | BraddelbëschBest-Nr.DVD78 De Bosco, de Pino an de Picco braddelen de ganzen Dag mateneen, si hunn e richtegt gutt Liewen hei am Bësch. Si halen d'Vullenäschter un a sangen 'd'Lidd vum Wand' bis enges Dags en Telefonspotto direkt niewent hinnen opgeriicht gëtt.
Dee klenge Florry huet séch an d'Lorry verkuckt, hatt ass awer och dat allerschéinst hei am Bësch.
Mee der Madame Schrilla ass net ze trauen, si huet keng Gutt an der Kopp. Oh Florry pass gutt op dech op…
Ee Gléck hei am Bësch halen di Kleng all zesummen.
mam Théa ENGEL - Monique REUTER - Chris MARNACH - Noémie FRANCOIS - Marc OLINGER - Fernad FOX - Marc FABER - Faust CIMA - Roll GIRRES - Jemp SEIL - Max THOMMES - Roger STAHL - Monique REUTER - Rita LAVINA - Mady DURRER Trailer Braddelbësch |
 19.90 EUR | PëttispirruBest-Nr.DVD102 WÉI IWWERLIEFT EEN ... matt enger schlechter Zensur,
engem ellene gestrécktene Pullover vun der Bomi, matt sténkege Féiss,
wann ee seng Schwammbox vergiess huet, oder mat Liebeskummer?
De Pëttispirru, de Linus, den Abdu, de Sorri an de Bomm erliewen all
Dag eppes Neis, an dat ass ganz dacks zimmlech peinlech, opreegend
an heiansdo sougur geféierlech. Ee Gléck de Pëttispirru weess
…wéi een sech aus sou enger Situatioun rette kann.
3 STONNE PROGRAMM EPISODE 1 bis 25
mam Johnny WRIGHT
Fynn van der KLEY - Shyan MONADJEMI - Ewan RODRIGUES -Diogo MENDES
Shady MONADJEMI - Lili an Anna BERTEMES - Monique MILLE - Patricia BREUER - Laurence STREITZ - Matteo GRITZ WOLFF - Raoul ALBONETTI - Marc FABER
Fausti CIMA - Anne GEORGES - Christophe STROTZ
25 Geschichten fir z'iwwerliewen.
1. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E GESTRÉCKTE PULLOVER ?
2. WÉI IWWERLIEFT EEN ... MATT ROUDEN HOER ?
3. WÉI IWWERLIEFT EEN ... LIEBESKUMMER ?
4. WÉI IWWERLIEFT EEN ... ENG SCHLECHT ZENSUR ?
5. WÉI IWWERLIEFT EEN ... BROCKELCHER ?
6. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E KLENGE NERVEGE BRUDDER ?
7. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E FAULE KADDO ?
8. WÉI IWWERLIEFT EEN ... DEN ZÄNNDOKTER ?
9. WÉI IWWERLIEFT EEN ... WANN D‘LAISS NEESS DO SINN ?
10. WÉI IWWERLIEFT EEN ... GANZ PLAKEG ?
11. WÉI IWWERLIEFT EEN ... EN DAG MAM BUTZI ?
12. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E PÄERDERCHERS-SPILL ?
13. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E STAUBSAUGER ?
14. WÉI IWWERLIEFT EEN ... DEM BOPI SÄI GEHEIMNIS ?
15. WÉI IWWERLIEFT EEN ... RÄISBRÄI ?
16. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E MUSÉKS-UFÄNGER ?
17. WÉI IWWERLIEFT EEN ... DER BOMI HIRE PARFUM ?
18. WÉI IWWERLIEFT EEN ... OUNI SCHWAMMBOX ?
19. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E KELLERMONSTER ?
20. WÉI IWWERLIEFT EEN ... MATT ENGER FUTTISSER BOX ?
21. WÉI IWWERLIEFT EEN ... STÉNKEG FEISS ?
22. WÉI IWWERLIEFT EEN ... WAASSERPOUKEN ?
23. WÉI IWWERLIEFT EEN ... ENG PARRÉCK ?
24. WÉI IWWERLIEFT EEN ... DEI ÉISCHT SKI-STONN ?
25. WÉI IWWERLIEFT EEN ... E SCHAARFT IESSEN ? Trailer Pëttispirru |
 19.90 EUR | De Willi FladderBest-Nr.DVD45 De Willi huet séch erëm eng Kéier laanscht d'Schoul gedréckt. Vu Langweil schéisst hien op d'Spatzen, mee en huet nët mat der Spatzefee Fladerella gerechent. Duerch eng kleng «Panne» gët de Willi an e Spatz verzaubert. Mee hien huet jo ni fléie geléiert. Deen ale Spatz Tschippu weist dem Willi wéi et geet. Dofir léiert de Willi hie liesen a schreiwen. Mee wou bleift dann d'Fladerella mat hirem Zauberspray, well dem Willi geet den Dadder. Dat hei as e richtegt Mäerchen mam Monica als Willi Fladder, mam Fernand Fox als Tchippu a mat zwee wonnerschéine Lidder. Trailer De Willi Fladder |
 19.90 EUR | De klenge grousse KinnekBest-Nr.DVD97 De Siggy ass nach esou kleng a gëtt scho Kinnek.
Ee Gléck, den Ugenius, säi Frënd a Schoulmeeschter hëlleft him,
well e muss nach ganz vill léieren.
Hie wëllt e Kinnek fir d’Kanner sinn, a fir dass
jiddereen all Déiere vun der Welt kenne léiert,
léisst de Siggy en Déierepark bauen.
Hie flitt op Togobongo well do déi schéinsten Déiere sinn,
mee dat ass net ongeféierlech, oder?
Kritt dee klenge Kinnek dat alles an de Grëff?
An doheem wëllen dee Brätzert vu Generol an
de Prënz Hännessy selwer Kinnek ginn.
Mee de Siggy weess: richteg Frënn si fir ëmmer!
vu 4 Joer un Trailer De klenge grousse Kinnek |
 19.90 EUR | Den DäddibirBest-Nr.DVD48 Dat klengt Griselchen a séng Mamma liewe glécklech an zefridden an der Natur, bis ... dee béise Krappo deen nëmmen un d'Mënz denkt op d'Iddi kënnt fir Biren ze fänken. Déi sollen a séngem Theater danzen well déi méi bëlleg sin ewéi richteg Artisten. Wéi s'ëm Griselchen séng Mamma fänken as hat ganz eleng, hat kuckt an den Stäerenhimmel a rifft dee grousse Bir ëm Hëllef. Den Däddibir kënnt aus de Stären an hëlleft dem Griselchen fir d'Mamma erëm ze fannen. Mat dem klenge Robert als Däddibir, mam Noël als Griselchen a mam Fausti als Krappo. Trailer Den Däddibir |
 19.90 EUR | d'Tatta DillendappBest-Nr.DVD35 Eis Geschicht spillt an engem Kannerheem, wou et de Kanner guer net gutt geet.
D’Direktrice, déi béis Madame Knadderlu verspillt all d’Suën, déi fir d’Kanner geduecht sinn owes heemlech mat der Kaart.
D’Kanner si just glécklech wa si mat der Joffer Susy bei der Tatta Dillendapp
spille kënnen. D’Tatta Dillendapp as déi riseg Dänn am Gaart vum Kannerheem
Wéi d’Madame Knadderlu, d’Tatta Dillendapp awer een Zock ëmhae wëllt, mussen d’Kanner eppes ënnerhuelen.
Nëmmen e Wonner kéint elo d’Tatta Dillendapp nach retten!
Trailer d'Tatta Dillendapp |
 19.90 EUR | d'Annabell mat der SchellBest-Nr.DVD69 Wësst dir, datt d’Déiren op Hellegowend schwätze kënnen? Nän? Natiirléch nët, well dat ass dem Zinniklos säi grousst Geheimnis. An däer Nuecht däerf jidderee sech eppes wënschen. De Billy kritt dee schéinste Cadeau vun der Welt: et as d’Annabell. Si gin déi allerbeschte Frënn.D’Annabell dreemt dovunn, eng Kéier e Renndéier ze gin an dem Zinniklos säin Himmelswon ze zéien. Mee erfëllt den Zinniklos wiirkléch och esou e grousse Wonsch…Déi agebillten Tatta Tunja wëllt onbedéngt de Billi vu séngem gudde Bopa Charel ewechhuelen. De Billi ka séch nët wieren, well hie seng Stëmm verluer huet. Mee d’Tatta Tunja huet nët mam Annabell gerechent…
Mam Lisa Valentiny - Kelly Niesen - Michel Meis - Kevin Schwinninger - Max Thommes - Josiane Peiffer - Christiane Rausch - Marie-Josée Jacobs - Susy Lentz - Mady Durrer - Carlo Hartmann - Marion Welter - Ab van Goor - Aly Bintz - Paul Arendt - Philippe Dondelinger - Rol Girres - Marc Faber - René Pütz - Fausti Cima - Pol Greisch Trailer d'Annabell mat der Schell |
 19.90 EUR | KinneksmausikantenBest-Nr.DVD71 D’Klacke lauden zu Uewerduerf,
well d’Kinnigin kënnt Krëschtdag op Besuch. D’Leit sinn all frou.
Et ass alles richteg gutt viirbereet, d’Krëppespill klappt,
an de Pater Josy a Grubesch Fränz hu matt der Chorale gutt geprouft.
De Mulles an de Benny, 2 fantastesch Mausikanten, hun extra e Lidd
fir d’Kinnigin geschriwwen "Stille Nacht" well si wëlle räich a berühmt gin.
De Buergermeeschter ass scho ganz opgereegt, an de
Grof Otto de la Canaille an d’Prinzessin Dolly interesséieren séch e
bëssche vill fir de Goldschaz vun den dräi Kinneken.
Soll dat alt eng stëll an helleg Nuecht ginn… Trailer Kinneksmausikanten |
 19.90 EUR | De Rudi Best-Nr.DVD85 Dee klenge Rudi wëll enges Daags och e Fléi-Renndéier ginn ewéi säi Pappa. Hie fäert net an en huet e gutt Häerz. Mee, o kuck emol, wat ass dann dat do, séng Nues déi glënnert jo!
De Bouni an den Doddo hunn eng gestiicht. O mei elo ass d'Schudrella awer wiirklech béis. Hatt léist et stiermen a bléist esou staark dass kee Renndéier vun der Welt dem Zinnikleesche säi Schlitt elo zéie kann. Wéi dann ? Kënnt de Kleeschen dëst Joer net? ... Ma da kennt dir de Rudi mat der rouder Nieschen awer nach net.
mam Max BRENNER als klenge Rudi, Maïté ENGELBERG als klengt Susy, Kelly NIESEN, Kevin SCHWINNINGER, Chris MARNACH, Christoph STROTZ, Patricia BREUER als Schuderella, Marion WELTER, Susy LENTZ, Mady DURRER, Isabelle MAY, Tinna PETURSDOTTIR Fons KONTZ als Zinnikleeschen, Rol GIRRES, Marc FABER, Jos KOCKELMANN, Jemp SEIL, Al GINTER, Ab van GOOR
Alter: vun 2 Joer unn, wann d'Mamma, d'Bomi, de Bopi oder de Papp derbäi sinn.
Soss vu 4 Joer un.
Zeechentrickfilm 75 Minutten Trailer De Rudi |
 19.90 EUR | Den Zinni NickiBest-Nr.DVD101 Den Zinnikleeschen ass elo schonn 178 Joer am Déngscht, et gëtt héich
Zäit dass hien e Nofolger fënnt. Mee dee muss 3 Konditiounen erfëllen:
e muss Nickla heeschen,
et muss e Weesekand sinn,
an e muss e gutt a rengt Häerz hunn.
D’Zinni Zauberkugel seet,
dass et nëmmen een esou e Nickla op der ganzer Welt gëtt.
De Sippo an de Liti maachen sech op d’Sicha fannen … der zwee.
A wien ass elo dee richtege fir dem Kleesche säi Léierbouf ze ginn ?
Mat de Stëmme vum
Pol KREMP als Nicki
Marc FABER als Kleeschen
Mam
Shayan MONADJEMI · Diogo MENDES
Léa a Julie CALMES · Monique REUTER
Zoe a Françoise MEYLENDER · Susy LENTZ
Jemp SEIL · Steve SCHMIT · Fausti CIMA
Raoul ALBONETTI · Ronny KWIATKOWSKY
Louis WRIGHT · Milli SCHLESSER
Fons KONTZ · Christophe STROTZ
Lëtzebuergesch Versioun:
Jang Linster Trailer Den Zinni Nicki |
 19.90 EUR | Dee gudde MONNI RONNIBest-Nr.DVD90 D’Piepchen, de Maulef, d’Kaweechelchen, d’Kanéngercher, d’Maisercher,
d’Inten, de Fox, den Dachs an den Igel Jäng spillen
de ganzen Dag zesummen am Park.
Et ass richteg flott. Mee si hu mat eppes nët gerechent.
O Mammelikanner!
Ass da keen do, deen hëllefe kann? Dach een, et ass …
Mat deene wonnerbare Stëmmen vun dem klenge
Carla KLEIN - Kelly DECKER - Xenia SIMON - Maïté ENGELBERG
Max BRENNER- Lex KAUFFMANN - Jo DUPONT - Philippe SCHMIT
Max KLEIN - Chris MARNACH- Cédric SCHWEICH
a vum Gérard Valérius als gudde MONNI RONNI
Trailer Dee gudde MONNI RONNI |
 19.90 EUR | E schéine Butzege KrëschtdagBest-Nr.DVD100 Et ass déi fantastesch Geschicht mam
Butzi, Trill a Lill.
Eng kleng Maischen huet sech verluer an hire gréisste Wonsch ass et
Krëschtdag nees bei der Mamma a beim Papp ze sinn.
De Quinn, den Häer Schniebli, d’Joffer Fiederschachtel,
d’Mademoiselle Laplume alleguer wëllen se hëllefen ....
dat ass guer net esou einfach.
Awer de Butzi, den Trill an d’Lill gi niimools op.
“Du Butzi du” ass eng Série fir Kanner bis 8 Joer,
awer well d’Lidder esou schéi sinn, a well de Butzi esou richteg “Butzeg” ass
sinn d’Mammen an d’Pappen, d’Bomien an d’Bopien genee esou begeeschtert. Trailer E schéine Butzege Krëschtdag |
 19.90 EUR | Diddi DibbelchenBest-Nr.DVD74 Vru laanger Zäit, wéi d’Kanner nach keng Spillsaachen haten, war ganz déif am Bësch e klengt butzegt Duerf wou léif kleng Wiichtelcher gelieft hunn. An ee vunn hinnen, de Bopa Didenndo mecht sech Suergen well den Diddi Dibbelchen dee klengste vun alle Wiichtelcher, keng Gefor kennt. Hien ass einfach ze vill kéng. ...An dunn enges Daags wéi dee fatzege Stuerm bléist, passéiert et. Mee ee Gléck de Monni Nikkla fënnt den Diddi a suergt gutt fir hien. A séngem Atelier bastelt de Nikkla u Spillsaachen fir d’Kanner awer, wéi soll ech soën, se fonktionéieren iirgendwéi nët grad wéi se sollen. Den Diddi hëlleft eng kleng Grimmelchen, a scho klappt et, déi zwee gi grad mat Zäit fäerdeg. Awer sie hate nët matt der Tatta Floudibou, mam Snäpp a mam Brozz gerechent. Oh mei elo wäerten déi dach nët dat grousst Fest verdierwen...mee do huet den Diddi nach eng Iddi.
Et spillen fir den Diddi Dibbelchen dee klengen Chris MARNACH / de Blëtz - Dan SPOGEN
de Bopa Didenndo Marc FABER / Tatta Floudibou - Karin MELCHERT / Märri Krissmëss - Monique REUTER Monni Nikkla - Steve SCHMIT / Brozz a Snäpp - Fausti CIMA / Kelly - Kelly NIESEN
d’Kanner - Cathérine GERIN - Max KLEIN / Wiichtelcher - Marion WELTER - Jemp SEIL - Marc SAUER et sangen Karin MELCHERT - Laura LORENTE - Marion WELTER - Michel MEIS
50 Minutten Zeechentrickfilm - matt 3 wonnerschéine Lidder.
D’Wiichtelcherslidd - D’Floudibou-Show - Ech wär sou gär doheem
Trailer Diddi Dibbelchen |
 19.90 EUR | De Kleesche mat der MutzBest-Nr.DVD32 Dee klenge Billy an de Butz hu nach ni Niklosdag a Krëschtdag erlieft, well Biren ëm däi Zäit hire Wanterschlof halen. D'Biremamma schléift schon hallef awer déi zwee näischnotzeg duerchdriwwe Birecher wëllen einfach nët an d'Bett. Si maache nach en Tiirchen duerch de Schnéi a gesi wéi de Monni Fieschter séch e wonnerschéine Krëschtbeemchen opriicht. Elo wëllen déi zwee guer nët méi an d'Bett... E wonnerschéine Film fir déi ganz Kleng mat ville schéine Lidder fir Niklosdag a Krëschtdag. Trailer De Kleesche mat der Mutz |
19.90 EUR | Pëttispirru Vol.2Best-Nr.DVD103 25 Geschichten Geschichten fir z'iwwerliewen
Wéi iwwerlieft een... am Schnéi wann ee mol séier muss,
Mammendag ouni Kaddo, e Ballets Cours,
mat engem ellene Ski-Kostüm, d'Krëschtaags-Elfen
oder wann een d'Hausaufgaben net gemaach huet?
De Pëttispirru, de Linus, den Abdu, de Sorri an de Bomm
erliewen all Dag eppes Neis, an dat ass ganz dacks zimlech peinlech,
opreegend an heiansdo richteg geféierlech.
Ee Gléck de Pëttispirru weess wéi een sech
aus esou eng Situatioun rette kann.
|
 19.90 EUR | De klenge JangliBest-Nr.DVD55 Dee klenge Jangli as eng butzeg Rangéier-Lokomotiv, deen déi grouss Lokomotiven aus dem Schapp eraus zitt. Hie géif esou gäer mol e richtegen Zuch zéien. Mee hien as ze kleng! As haut vläicht säi groussen Dag? De Brommel kann nët, dee staarken Zédrik wëll nët, d'Zilla huet eng Zinüsitt am Kamäin an de Ronkitonki as ze schwaach. A Wien zitt elo dee grousse Spillsaachenzuch iwwert deen héige Bierg? De Jangli as wiirklech ze kleng! Dat packt hie nimools! Mee de Jangli weess: Et kann ee wann ee wëll ! Op dësem Film as och déi wonnerbar Jangli's Musék aus dem Häppi Diwwi. Trailer De klenge Jangli |
 19.90 EUR | d'Famill Hoppelbutz am SchnéiBest-Nr.DVD82 D'Bëmmelchen, de Muerzel, de Knobbes, de Lappes an de Lämpi si bei deem gudde Bopa Theo an der Schnéivakanz. De Knobbes huet sech verletzt wéi en deen anere weise wollt wéi ee Schi fiert. Hie muss doheem bleiwen beim Grommel, mee di zwee hun eng Wëlles. Uhlala, ech weess net ob dat dote riicht ausgeht? An zu Esch op der Cavalcade lauere schon zwee Fatzerten! De Fatzo an de Strolles. Trailer d'Famill Hoppelbutz am Schnéi |
 19.90 EUR | d'Famill HoppelbutzBest-Nr.DVD80 Fënnef kleng Hiesercher: d'Bëmmelchen, de Muerzel. de Lappes, de Knobbes an de Lämpi, liewe mat der Bomi an hirem gudde Papp. Si léiere gutt, si folleche gutt, si namme gutt, si laachen a si schaffe vill: Si sinn d'Hoppelbutz Famill. Enges Daags huet de Pappa eng grouss Iwerraschung: si plënneren. Wann esou kleng Hiesercher méi grouss ginn, ass dat wi wann d'Haus méi kleng géif ginn. Wow, dat neit Haus ass fantastesch, just de Lappes ass traureg: Heiheem hat hien dach séng Frënn, hien kennt de Wee fir an d'Schoul schon auswänneg, an do ass jo och nach dat Kuebeketti...
Bëmmelchen Maïté ENGELBERG Muerzel Prisca MARNACH - Lappes Yorrick CORREIA Knobbes Philippe SCHMIT - Lämpi Chris MARNACH Jos Hoppel Félix EISCHEN - Bomi Monique MILLE Fladderjak Fausti CIMA - Kuebeketti Mady DURRER Ilse an Elsa Théa ENGEL a Karin MELCHERT
et sangen: Michel Meis - Marion WELTER - Faustino CIMA Opnahmen: Jang LINSTER
Zeechentrickfilm, 60 Minutten mat flotte Lidder Trailer d'Famill Hoppelbutz |
 19.90 EUR | den TSCHILLBest-Nr.DVD61 Den Tschill, an den Tschilvain sinn ëmmer gutt dropp,
si follege gutt, a léiere gutt
awer si maachen och emol heiansdo Dommheeten.
D’Monique Reuter spillt an erzielt
16 Tschill-Geschichten
fir richteg gutt ze schlofen, well wann een anere gehollef huet,
oder et huet een eppes Schéines erlieft, da schléift een am allerbeschten.
1. E schéine Kaddo
2. Den Tschill baakt e Kuch
3. De Metti wëll fléien
4. Dee schéinste Fernseh
5. Wann s d’eppes kanns
6. De Luppes ass frou
7. Groussen Danzconcours
8. E Nilpäerd an der Musel
9. Wou ass d’Tschilvie?
10. De Jang, dee Blannen
11. Ass de Léiw verléift?
12. Dee grousse Schaatz
13. D’Nuechtegailchen
14. Buenos Dias Tschillo!
15. Wat e Pohénkelchenn
16. Goldfëschelcher fléien
Trailer den TSCHILL |
 19.90 EUR | De Percy a seng FrënnBest-Nr.DVD104 De Percy, d'Sissibell, d'Flopflop an den Tattu
erfannen sech hir ege Welt.
De Percy, dee klenge scheien Tiger,
gëtt am Percyland e grousse staarke Ritter,
a säi Kuschel-Zipp e richtege liewegen Draach.
Am Sissibell senger Welt ass alles sissimens rosa,
hat verzaubert se alleguer, an et kritt ëmmer wat et wëll. Basta!
D'Flopflop dreemt vu floptasteschen Erfindungen déi him
all Problemer léisen. och déi aller komplizéierst.
Den Tattu, deen sech net ëmmer vir eppes traut,
ass op Tattu-Island e richtege wëlle Pirat,
ëmmer op der sich no Gold. Harrrrh!
8 Fantastesch Geschichten:
1 Dee grousse Molconcours
2 Fändelfest am Percyland
3 De Wonnerstär am Sissiland
4 Grouss Léift zu Flop-City
5 De Ritter ouni Stëmm
6 Am Siweschléifer Land
7 Afenzirkus op Tattu-Island
8 Déi grouss Lampions-Nuecht
Dëse Film gouf ganz hei zu Lëtzebuerg gezeechent
vun der Fabrique d'Images vu Kielen.
Trailer De Percy a seng Frënn |
 19.90 EUR | Déck Fësch am BambëschBest-Nr.DVD49 Déck Fësch am Bambësch
De Kaperol Nikki Zurri huet vill Arbecht:
d’Sängerin Ketti Schmalz an de Professer Papperlapipp sin entfouert gin.
Hien as op enger gudder Spuer, an déi féiert direkt bei ... de Nullatsch.
Dat as kee Gudden. Hie plangt de Coup vum Jorhonnert.
Ass säin Assistent Bullarosso wiirklech esou schwéier vu Begrëff?
Et geet ëm de Bambësch!
De Kapitän Barbullo hëllt elo d’Affär selwer an d’Hand.
Dat klengt Pëppi weist him de Wee. Mee och wann hie séch op de Kapp stellt,
et ass net esou einfach, well ... hei geet et em e ganz ganz décke Fësch. Trailer Déck Fësch am Bambësch |
 19.90 EUR | De Suggi vu LutziburriBest-Nr.DVD50 Dat hei as déi fantastesch Geschicht vum Grof Suggi vu Luzziburri. Vru laanger Zäit, zu Luzziburri, hun d'Leit hannert denen décke Festungsmaueren gutt gelieft. Si haten alles wat se gebraucht hun, a nach e grousse Schatz derbäi, a genee dee wollten all déi aner hinnen ewech huelen. De Suggi muss séch fatzeg wiren well de Gouvernör an dee näisch-notzege Kutto wëllen hien eraleën. D'Ketti Schmull liest am Suggi sénger Hand dass hien op séngem Hochzäitsdag de Schatz fënnt... oder gët et iren nach méi e grousse Schatz zu Luzziburri. Trailer De Suggi vu Lutziburri |
 9.90 EUR | PANIK SHOWBest-Nr.DVD107 E richtege schéine Grujelfilm fir déi Kleng
De Leo traut sech heiansdo net esou richteg. Nuets fäert hie fir opzeston, well et esou däischter ass. Et kéint jo e Monster ënnert dem Bett laueren, eng Spann oder eng aner Gefor.
Enges Daags kënnt dee grousse Grujhel-Geschichten Erzieler Dimitri Valensky mat senger emoleger Panik-Show an d'Duerf. Et ginn der déi soën, et wären der déi géifen zielen dass deen Dimitri Valensky d'Kanner fir ze friesse gär hätt, a scho méi wéi eng Kéier huet een de Kapp verluer, oder war no der Show einfach verschwonnen. Dat Allerschlëmmst, dem Léo seng Elteren fannen, dat wär genee dat Richtegt fir hien, an hunn him en Ticket kaf.
Och wann déi aner de Geck mat him maachen, de Léo weess:
Do muss de elo derduerch.
Hien ass dach kee Boxeschësser … oder ?
mam Jules WERNER als Dimitri Valensky
a Yannik SAND als Leo
Sandy LAHURE - Raoul ALBONETTI - Tom PESCH - Shayan MONADJEMI
Lena KLEMMER - Claire & Lorie HOUEL - Léa & Charlotte CALMES
Lëtzebuergesch a franséisch Versioun
Trailer PANIK SHOW |
 19.90 EUR | KirikuBest-Nr.DVD88 DE KIRIKU an déi wëll Déieren
De Kiriku ass deen aller Klengsten, hien ass ëmmer gutt dropp, hien traut sech, an hie gëtt nimools op.
Dofir ass hie vläicht dee Gréissten. Hie fäert och déi wëll Hyän net.
Dem Kiriku an all denen aneren géing et eigentléch gutt goën, wann do net d’Karaba, déi rosen Hex wär.
De Kiriku huet eng fantastesch Iddi, an d’Kanner aus dem ganzen Duerf hëllefen him.
O pass gutt op Karaba, de Kiriku ass zwar kleng, mä … schéin op Zack!
Zeechentrickfilm 75 min.
Alter: 2-100 Joer
mam Junior DOS SANTOS - Sascha LEY - Thierry Van WERWEKE - Jacky MONTEIRO - Nicole IKUKU - Jully MABENGA - Caly & José-Marie MONTEIRO - Monica SEMEDO Trailer Kiriku |
 19.90 EUR | De FlippoBest-Nr.DVD54 De Flippo wunnt am Bësch an engem coole Zigeinerwaggon. Hien huet ganz speziell Kollege esouer wéi de Kuebemetti, de Lappes, de Schnurri, de Camill, den Teis, d'Milli, de Pippo an d'Eil déi alles weess. 16 Geschichten an denen si d'Natur entdecken a jidderengem hëllefen deem et schlecht geet. Si hun de ganzen Dag vill Aarbécht a si léieren all Dag nei Frënn kennen. De Flippo an d'Muséksnout - D'Feierblumme pätschen - As vill Schampoing ze vill? - De Blinti spillt falsch Bei der Beiekinnigin - De Plogeescht - D'Maismännercher kommen Déi déck Méck nerft - De Flippo an de Jos - Krëschtdag am Summer asw. De Jemp SCHUSTER spillt an erzielt dës wonnerbar Geschichten fir déi ganz Kleng Trailer De Flippo |
 19.90 EUR | Mam Jangli ronderëm d'WeltBest-Nr.DVD87 De Ben huet um Fernseh gesinn, datt et Déieren op eiser Welt ginn, déi et net gutt hunn.
Se gi gejot a verdriwwen, an elo huet hien Angscht ëm säi gudde Mulles.
Déi zwee maache sech aus dem Stëps.
Wouhinner? Ma einfach de Schinnen no: mam Jangli rondrëm d'Welt
Si begéinen dem Zimbo, dee virun de Jeeër fortlafe muss; der Madame Tiger, déi hiert Heem verluer huet, well se d'Bëscher ofholzen, dem Rob a nach villen anere Frënn.
Mee do ass dee strenge Kontroller, an dee kontrolléiert ob och jiddereen e Billjee huet.
O mei, kann de Ben se all retten ... Trailer Mam Jangli ronderëm d'Welt |
 19.90 EUR | Paff den ZauberdraachBest-Nr.DVD86 De Jaki liewt a sénger egener Welt, hie schwätzt nët, an hien huet keng Frënn, keen eenzegen. Bis deen Daag wou en dem Paff begéingt. Vun do unn geet alles vill méi liicht.
Am Land wou et niwwelt a kraacht
D'Lisi weess selwer nët méi wat wouer, wat gelunn a waat iwwerdriwwen ass. Do kann nëmme nach een hëllefen:de Paff
De Paff ass Paff
De Charel ka ganz aner Saachen ewéi all déi aner Kanner. Hien huet vill fantasie a kann zum Beispill verdruddelt Reimer maachen. Mee hien traut séch nët richteg, bis . . .
Alter: vun 3 bis12 a vu 25 bis 85 Joer
Zeechentrickfilm 3 X 25 Minutten Trailer Paff den Zauberdraach |
 19.90 EUR | BolloBest-Nr.DVD47 Zwee Bollo Filmer
E BALL FIR DE BOLLO
De Bolo huet sech heemlech bei senger Frëndin Billa en Hoppla Hoppelball ausgeléint, fir domat unzegin.
Mee hie kritt de Ball geklaut. D'Billa kräischt an de Bollo wees net, wei en un en neien Hoppla Hoppelball kënnt.
BOLLO SIEF KEE BËLLES
De Bollo spillt wonnerbar mam Lëppes 'wullen' am Gaart, bis hie gewuer gët wéi séier et geet fir déck Problemer ze kréien. De Bollobopi erzielt him vum Professer Denkmolno. De Bollo huet et elo bekäppt , well de Bollo as dach kee Bëlles ... oder?
De Bollo an d'Billa, de Bollobopi, de Lëppes, de Brätz an d'Brutz:eng lëschteg Equippe, mat däer ee laache kann, an déi eis weist, wat ee maache musss fir séch gutt ze fillen. Trailer Bollo |
 19.90 EUR | De WonnerstaerBest-Nr.DVD62 Et huet een et nët liicht, wann een anescht wéi déi aner as. Dee klengen Omar as nët ewéi séng Intebridder a Schwësteren. Si fannen hien ellen, säi Kapp wäer ze déck a säi Schniewel ze laang fir eng Int. Hien as ganz onglécklech. Dunn héiert hien eppes Wonnerbares: Wann een ëm Krëschtdag an d’Stäere kuckt, kann ee séch eppes wënschen. Oh mei, dat as genee dat richtegt, well hien huet nëmmen een enzege Wonsch: «Wann hien dach gutt esou wéi déi aner wäer.» Dat hei as en emoleg schéine Film nom Christian Andersen séngem Mäerchen. Mat schéine Lidder, mat dem Mister Tschiiss, a mat deem léiwe klenge Noëlle wat doheem fortgelaf as, well et och geduecht huet: et wäer kee frou mat him. Krëschtag gët dëst Jor wonnerschéin, well et de Wonnerstäer wiirklech gët. Trailer De Wonnerstaer |
|