     |
|
45.00 EUR | Janglis Pendel-Tiktak mat TaktikBest-Nr.A17 Ëmweltfrëndlech Pendelauer
aus Späerholz mat Biofaarwen
Batterie hällt ganz laang
Gréisst: 25 x 30 cm
Geet net vir an net no, geet iwerall.
An der Kummer, an der Stuff um Kabinee
an am Spillzëmmer
Den ideale Kaddo fir Chrëschtdag
|
 19.90 EUR | Ooops! Den Noah ass fort...Best-Nr.DVD110 Ooops! Den Noah ass fort...
De Kinnek vun den Déieren huet ganz schlecht Noriichten:
Et kënnt eng gewalteg Flut déi alles iwwerschwemmt. Ee Gléck, de Noah huet eng Arche gebaut déi d'Déieren alleguer rette soll. Alleguer? Jo, wann s'op der Lëscht stinn.
De Finny an dat klengt Lia spillen a passe net op, si hu jo Näischt ze fäerten, oder dach? O mei wat ass dann dat do? Déi Flut rappt alles mat ewech
och dem Noah seng Arche. Oh nee... déi zwee si jo guer net drop.
mam Shayan Monadjemi - Myriam Jander
Simon Larosche - Susy Lentz
Jules Werner - Chritophe Strotz - Fausti Cima - Jean Bermes
Marion Welter - Mady Dürrer - Sarah Thoss - Ken Nnganyadi - Raoul Albonetti
"Well et eis gutt geet" gesonge vum Deborah Schneider
Fir déi kleng an d'ganz Famill
En Zeechentrickfilm vun der Fabrique d'images vu Kielen.
Lëtzebuergesch Versioun: LINSTERSTUDIOS
Trailer Ooops! Den Noah ass fort... |
 19.90 EUR | Déi duerchdriwwen DräiBest-Nr.DVD111 Si sinn sech guer net méi esou sécher
ob se séch och gutt geschéckt hunn,
an dëst Joer och Kaddoe kréien.
17 Geschichten wou déi Dräi vill Dommheete maachen
awer et eigentlech ëmmer gutt mengen a léif sinn.
mam Mia CONTER - Noël TANI a Mick De GREEF
Mamma: Anne GEORGES - Bopi: Manu BICHLER
Als Babysitter: Christophe STROTZ
Fir déi kleng bis 8 Joer, d'Bomi an de Bopi
En Zeechentrickfilm vun MELUSINE Productions
Lëtzebuergesch Versioun: LINSTERSTUDIOS
A fir all déi di eis Sprooch léiere wëllen
Mat Lëtzebuergeschen a franséiscen Ënnertittel
déi ee mat der Télécommande ablenne kann
AMELIOREZ VOTRE LUXEMBOURGEOIS
EN VOUS AMUSANT AVEC VOS ENFANTS
Trailer Déi duerchdriwwen Dräi |
 19.90 EUR | D'Melodie vum MierBest-Nr.DVD112 Nominéiert fir den Oscar vum beschten Animatiounsfilm
Hei zu Lëtzebuerg bei MELUSINE Productions gezeechent
De Ben lieft mat sengem Papp an dem Sirsha an engem Liichttuerm.
Hie wollt ëmmer e gudde grousse Brudder sinn,
dat hat hien der Mamm versprach.
Awer d'Sirsha geet him zimlech op de Nerv.
Hatt kann nach ëmmer net schwätzen.
Mee wat de Ben net weess, d'Sirsha dréit a sech e grousst Geheimnis.
Hatt ass eng Selkie, hallef Mënsch an hallef Séihond.
Nëmmen d'Sirsha eleng kann d'Wonnerwiesen
mat sengem Gesank retten.
Lëtzebuergesch Versioun: Jang LINSTER
Ben - Yannik SAND.
Papp - Jules WERNER
Bomi - Marie-Paule Von ROESGEN
Bruna Larisa FABER
Sirsha Mia CONTER
Klenge Ben Pit SCHWEITZER
Fernand FOX - Fausti CIMA - Marcel HAMILIUS
Al GINTER - Christophe STROTZ
A fir all déi di eis Sprooch léiere wëllen
Mat Lëtzebuergeschen a franséiscen Ënnertittel
déi ee mat der Télécommande ablenne kann
AMELIOREZ VOTRE LUXEMBOURGEOIS
EN VOUS AMUSANT AVEC VOS ENFANTS Trailer D'Melodie vum Mier |
 26.00 EUR | BLU RAY Klenge PrënzBest-Nr.BD109 BLU RAY "De Klenge Prënz"
De Klenge Prënz a FULL HD
OPGEPASST: Dir braucht e BLU RAY Player fir eng BLU RAY ofzespillen Trailer BLU RAY Klenge Prënz |
 19.90 EUR | De Klenge Prënz Best-Nr.DVD109 De Klenge Prënz
E fantastesche Film vum Mark OSBORNE
nom Meeschterwierk vum Antoine de Saint-Exupéry
Dat hei ass dee schéinste Film deen der je gesinn hutt.
mat de Stëmme vum
Imani SAND - Noël TANI - Henri LOSCH
Anne GEORGES - Mady DURRER - Cathérine BECK
Jules WERNER - Jean-Paul MAES - Alain ATTEN
Christophe STROTZ - Ken NNGANYADI - Jang LINSTER
Trailer De Klenge Prënz |
 19.90 EUR | WiplalaBest-Nr.DVD108 DE WIPLALA
Dee grousse Chrëscht-Film fir déi Kleng an d'ganz Famill
De Wiplala ass nëmmen zéng Zentimeter grouss,
awer hie kann "tinkelen" dat ass esou eng Aart Zauberen.
Hien ass vun doheem fortgelaf a kënnt duerch e laangen Tunnel bei der Famill Blum am Kicheschaf eraus.Wéi hie vun der Kaz iwwerrascht gouf huet en déi einfach ruckzuck vertinkelt, also verstengert.
De Jonathan an d'Nella Della wëssen net wéi se dem Papp dat erkläre sollen. Dat gleeft dach kee Mënsch.
De Wiplala kann zwar gutt tinkelen, awer fir zréck ze tinkelen, domat huet hie nach Problemer. Wéi en och nach den Dichter Arthur Hollidee an eng
riseg Statu verwandelt huet, déi sou grouss ass dass se iwwerall hënnert, muss d'Famill Blum hëllefen. Awer wéi de Wiplala a Panik geréit, a si alleguer butzeg kleng vertinkelt, fänkt e grousst Abenteuer un.
Buch: Annie M.G. Schmidts - Dréibuch: Tamara BOS - Regie: Tim OLIEHOEK - Musek: André DZIEZUK - Eng hollännesch, belsch, lëtzebuergesch Koproduktioun
mat de Stëmme vum Christoph STROTZ fir de Wiplala
Tyana SCHARTZ fir d'Nella Della - de Pol KREMP fir de Jonathan
an de Jules WERNER spillt de Papp.
Mam Mady DURRER - Patricia BREUER - Carla KLEIN - Sarah THOSS - Sascha GEORGES - Al GINTER - Philippe DONDELINGER - Ronny KWIATKOWSKI - Pierre PUTH - Tom LEICK - Steve KARIER
Trailer Wiplala |
|